Geplatzten AquariumEng Partie Fësch konnten aus dem Hotel gerett ginn

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de 16 Meter héijen Zylinder am Hotel zu Berlin geplatzt ass, hunn d'Pompjeeë mat der Rettung vun de Fësch ugefaangen.
© DPA/AFP/Archives/KAY NIETFELD

Am Keller vum Hotel ware 400 bis 500 kleng Fësch ënnerbruecht, där hir Aquarien zwar ganz bliwwe sinn, awer kee Stroum haten. Dës konnte vun de Pompjeeë vu Berlin an der Ënnerwaasserwelt Sealife, déi am selwechte Komplex ass, ënnerbruecht ginn, wéi e Spriecher matdeelt.

Och e puer Fësch vun den 1.500 Déieren, déi am Aquarium an der Lobby vum Hotel waren, goufe lieweg fonnt a konnte gebuerge ginn. Well et Séiss- a Salzwaasserfësch sinn, goufen d’Déieren elo getrennt ënnerbruecht.

De sougenannten “DomAquarée” war e 16 Meter héijen Aquarium an der Form vun engem risege Glaszylinder mat 1.500 Fësch an engem Lift an der Mëtt, deen an der Lobby vun engem Hotel zu Berlin stoung.

Back to Top
CIM LOGO