
Wéi d’Monarchin am September 2022 gestuerwen ass, war laang net gewosst, wat mat hire Frënn op véier Been geschéie soll. Schlussendlech hu si dunn awer nach en neit doheem fonnt. D’Sarah Ferguson, och bekannt als Fergie, huet déi zwee Hënn Sandy a Muick nämlech adoptéiert.
Op Instagram huet si eng Foto vu béiden Déiere gedeelt, déi mam Fergie an hirem Ex-Mann Prënz Andrew an der Royal Lodge zu Windsor liewen. Dorënner schreift si: “Ëmmer amgaangen no Schneekegkeeten ze froen!”
Am November hätt d’Fergie schonns driwwer geschwat, wéi sech d’Hënn géingen aliewen an huet verroden, dass se nach ëmmer géingen traueren. “De Muick hat vun Ufank u Probleemer, mee elo, ee Joer méi spéit, fänkt hien nees un, richteg Spaass ze hunn.”