Angscht virum WollefEuropäesche Geriichtshaff: Keng Juegd bei schlechtem Erhalungszoustand

RTL Lëtzebuerg
De Wollef dierf op regionalem Niveau net als Aart bezeechent ginn, op déi ee Juegd maache kann, wann den Erhalt an engem bestëmmte Land ongënschteg ass.
© AFP

Dat geet aus der Decisioun vum Europäesche Geriichtshaff ervir.

Zum Beispill verstéisst d’Juegderlabnis an den autonome Communautéite Castilla a León a Spuenien géint d’EU-Richtlinnen, well den Erhalungszoustand vum Wollef a Spuenien insgesamt ongënschteg ass, präziséieren d’Lëtzebuerger Riichter an hirer Decisioun, déi e Méindeg verëffentlecht gouf.

Dës Juegdaschränkung gëllt och dann, wann de Wollef an der betraffener Regioun net am Sënn vun den EU-Habitat-Richtlinne* streng geschützt ass. Mesurë vun de Verwaltunge missten op alle Fall als Zil hunn, dës Aart an engem gënschtegen Erhalungszoustand ze halen oder nees dohin ze kréien.

D’Regionalregierung vu Castilla a Léon haten 2019 e Juegdplang accordéiert, dee virgesinn huet, dass am Ganzen 339 Wëllef dierfe gejot ginn. D’Associatioun fir d’Erhalen an d’Erfuersche vum Ibeeresche Wollef (ASCEL) hat um Ieweschte Geriicht an der Regioun dogéint geklot. Dës hate sech un den Europäesche Geriichtshaff adresséiert.

A Spuenien gëtt et fir d’Populatioun vum Ibeeresche Wollef dem EuGH no ënnerschiddlech Schutzreegelen. Südlech vum Floss Duero ass e streng geschützt, ma nërdlech vum Floss kann d’Verwaltung awer Mesuren decidéieren.

*D’EU-Habitat-Richtlinnen hunn als wesentlecht Zil: d’Erhalen, de Schutz an d’Verbessere vun der Qualitéit vun der Ëmwelt, andeems dozou bäigedroe gëtt, d’Aartevillfalt duerch d’Erhale vun natierleche Liewensraim souwéi wëllen Déieren a Planzen ze sécheren.

Back to Top
CIM LOGO