
D’Gewënner vum gréisste Villercher-Fotosconcours weltwäit sti fest. Iwwer 20.000 Biller goufe bei der Editioun 2022 erageschéckt. Grousse Gewënner ass dës Kéier den Norweger Erlend Haarberg mat enger Momentopnam iwwert dem Fjord Tysfjorden.

An aacht verschiddene Kategorië sinn d’Fotographe géinteneen ugetrueden. Vun “beschte Portrait”, “Verhale vu Villercher” bis hin zu der Kategorie “Schwaarz a Wäiss”.
Mir hunn Iech eng Partie Gewënnerfotoen erausgesicht. Grouss Wierder ginn hei keng gebraucht, d’Opnamen dierfte fir sech selwer schwätzen. Alleguerten d’Biller fannt Dir um offiziell Site www.birdpoty.com.