Gemeng Fluessweiler weit neien Atelier vum Service Technique an
E Freideg ass zu Gouschteng de neien Atelier vum Service technique vun der Gemeng Fluessweiler feierlech ageweit ginn. D'Aweiung gouf vum Buergermeeschter Paul Ruppert, dem Schäfferot an dem Gemengerot vun der Gemeng Fluessweiler zesumme mam Inneminister Léon Gloden duerchgefouert.
Dës modern Infrastruktur ass e kloert Zeeche fir d'Engagement vun der Gemeng am Service um Bierger. Mat dëser Investitioun sollen och de Gemengenaarbechter optimal Aarbechtskonditioune gebuede ginn.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.