75 Joer Liberatioun vun der Stad Ettelbréck (21.9.19)
E Samschdeg war d'Ouverture vun de Befreiungsfeierlechkeeten zu Ettelbréck. No enger Usproch vum President Jos Tholl konnten d'Visiteuren am Pensionat St. Anne déi 1 Fotoausstellung kucken. Duerno goung et weider duerch Foussgängerzon, wou vill Gefierer a Krichszeenen opgebaut waren. D'Leit an den Uniforme stoungen dann och Ried an Äntwert. Am Gemengenhaus ass och eng grouss Fotoausstellung, mat Bréiwer an original Plakater, wou och Leit sëtzen, déi engem gär Erklären an op Froen zu der Ausstellung äntweren. An der Gemeng kann een sech awer och e puer Gadgeten a Bicher kafen, wann een do méi Interessen drun huet.
1,5 Joer war een domadder beschäftegt, fir dëst Evenement op d'Been ze stellen.
Et ass schonn e komescht Gefill, wann een aus der Gemeng kënnt an do sti Panzeren an der Strooss, dann ass ee scho frou, dass een dat net méi huet misste materliewen. Dat sinn Zeenen, déi ee muss an Erënnerung halen an hoffen, dass se net méi erëm kommen. Et soll net vergiess ginn.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.