75 Joer Liberatioun vun der Stad Ettelbréck (22.9.19)
E Sonndeg de Moie sinn d'Invitéë vum Buergermeeschter ëmfaange ginn an uschléissend war eng reliéis Zeremonie an der Kierch zu Ettelbréck. Dem General Patton seng Enkelin war och hei an huet mam Amerikaneschen Ambassadeur eng Gedenktafel vum General Patton agewien. Duerno goufe Blumme beim Monuments aux Morts néiergeluecht. Um Sonndeg de Mëtteg goung et weider mat enger klenger Gedenkfeier beim Patton Denkmal, ier um 15.30 de Cortège duerch Ettelbréck mat uschléissend engem Concert vun der US Army Band war.
Et war e ganz schéint Event an et krut een nëmme gutt Echoen. De Patton-Musée mam President Jos Tholl a senge vill fräie Mataarbechter haten eng super gutt Aarbecht geleescht. Vill Organisatioun war gefrot a vill Leit a Clibb hu matgemaach an d'Helene Patton, dem Generol Patton seng Enkelin, war sichtlech geréiert. Spéitstens elo gëtt nees vun der Befreiung geschwat, wat bewierkt, dass et net vergiess gëtt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.