Entrevue vum Luc Frieden mat de fréiere Premierministere Juncker a Santer (9.2.24)
E Freideg huet sech den aktuelle Premier Luc Frieden um Sennenger Schlass mat de fréiere Premierministeren an EU-Kommissiounspresidenten Jacques Santer (86) a Jean-Claude Juncker (69) getraff.
Déi dräi CSV-Politiker hätten iwwert déi politesch Aktualitéit geschwat, heescht et an enger Matdeelung.
De Jacques Santer war vun 1984 bis 1995 Premier, ier de Jean-Claude Juncker dat nämmlecht Joer iwwerholl huet. Hie war bis 2013 Premierminister. Béid Politiker hunn no hirer Karriär am Land de Poste vum EU-Kommissiounspresident iwwerholl.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.