400. Joresdag vun der Oktav mat Mass a Muttergottespressessioun op de Glacis (8.12.24)
De bekannte Fotograf an Auteur vum Buch "1766 - Der Votivaltar" Marc Schoentgen (huet dem Poopst kierzlech sein Wierk perséinlech iwwerreecht) schenkt ons puer fotografesch Andruck vun engem historeschen Dag haut an der Stad.
Haut virun 400 Joer, den 8. Dezember 1624, hu Schüler vum Jesuitekolléisch zesumme man Pater Brocquart d'Mariestatue virun d'Festungsmauere op de Glacis, bruecht. Et war den Ufank vun der Marienveréierung an der Stad Lëtzebuerg an am Land an den Ufank vun der Octave.
400 Joer méi spéit gouf haut d'Tréischterin am Leed vun der Kathedral nees a feierlecher Prozessioun an d'Glaciskapell bruecht, wou se nach bis nächste Sonndeg steet.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.