Familljefest a Marche gourmande vun der Amicale vun der Post 15.5.2022
E Sonndeg 15.5.2022 war nees déi traditionell Marche Gourmande, zesumme mam Familljefest vun der Amicale vun der Post. Bei herrlechem Wieder gouf sech an der Hal op der Cloche d'Or super ameséiert mat guddem Kascht, ville faarwege Stänn, der Postmusek, Zauberei, brasilianeschem Danz an der Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Sharon a Susana.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.