Groussherzoglech Koppel op Staatsvisitt zu Berlin (27.10.25)
No Bréissel ass et e Méindeg déi zweet Auslandsvisitt fir de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie. Si sinn de Moien zu Berlin am Schlass Bellevue vum Bundespräsident Frank-Walter Steinmeier a senger Fra Elke Büdenbender empfaange ginn. Fir déi nei Groussherzoglech Koppel sti jo eng Rei sougenannte Visites de Courtoisie un.
Virum Schlass sinn déi Lëtzebuergesch an déi däitsch Hymne gespillt gi vun der Militärmusek. Et gouf och eng Revue vun den Truppen an d'Virstellung vun den Delegatiounen. Déi Lëtzebuergesch gëtt, wéi och zu Bréissel, vum Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel ugefouert. Et sinn och offiziell Fotoe gemaach ginn. An da goung et och an d'Schlass eran fir Entrevuen.
Duerno goung et fir déi groussherzoglech Koppel an d'Delegatioun mat engem Cortège duerch Berlin bis an d'Residenz vun der Lëtzebuerger Ambassadrice, der Sylvie Lucas.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.