E Samschdeg goufen zu Péiteng op der Gare dräi Beliichtungsmasten mat engem Helikopter oftransportéiert. Den Helikopter vum Typ Aérospatiale AS332C1 SUPER PUMA kann eng Charge vu 4,5 Tonnen transportéieren. Dowéinst huet all Mast missten an zwou Kéieren oftransportéiert ginn.
Den Helikopter ass vun der Firma SAF INTERNATIONAL, déi zu Albertville a Frankräich respektiv zu Sion an der Schwäiz hir Siègen hunn.