Kropemannsfest Réiden 25.9.2022
Déi 9. Editioun vum Kropemannsfest zu Réiden, no 3 Joer Covid-Paus, war ewéi ëmmer: super Wieder an esouguer d'Sonn koum am Nomëtteg op Besuch. D'Grand Rue war voll mat flotte Stänn a schwaarz vu Leit! An d'Stëmmung ronderëm déi selleche Büne war wéi ëmmer excellent. Op där beim Glaesener-Betz hunn e.a. de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüette Maria a Sharon de Public (eng leschte Kéier) beschtens ënnerhal!
Photos: Petz Flammang
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.