Viru kuerzem hat d’Vereenegung "Amis du Musée Michel Lucius", déi 2026 gegrënnt gouf, een Dag "Porte Ouverte" vun eisem bekanntste Geolog Dr. Michel Lucius organiséiert.
Zënter 2005 ass d'Haus 9 an der Rue Dr. Lucius zu Rëmerech als klenge Musée iwwer d'Liewen vum Geolog an der Geologie vu Lëtzebuerg ageriicht.
Eng Rei Visiteuren hu moies un enger Besichtegung deelgeholl, déi vum President Jos Bormann geféiert gouf. Am Nomëtteg hunn nach eng Rei interesséiert Leit de Musée besicht.
Duerch eng Bedeelegung um Leader-Projet "Wëlle Westen" wëll een dofir suergen, datt de Musée am Land méi bekannt gëtt.
Den 9. Dezember sinn et 150 Joer hier, dass dësen national an international berüümte Bierger vun eisem Land an dem klenge Duerf Rëmerech gebuer gouf.