Och dest Joër waren mir vun der Amicale Pompjeeën Ettelbréck nees an d'Ahrtal bei Kolleegen, deene mir no der Flut esou gutt wéi méiglech ënnert d'Äerm gegraff hunn, op Besuch. D'Rotweinwanderung stoung um Programm a mir hunn och festgestallt, dass sech an dem leschte Joer vill gedoen huet.