3 nei Mini-Modeller
Mini hat de 25. August op en Event op de Circuit vun Zolder invitéiert. Hei goufen direkt 3 nei Mini Modeller virgestallt: Den neien elektroMini, de Mini Clubman Cooper S mat 306 PS,an den neie Mini GP 3, och mat 306 ps, deen awer nach an Tarnung war.
Desweidere goufe et e Concours vu Mini-Dealeren, wou Si hir Aarbechte gewisen hunn a Punkto Individualiséierung. Och de Lëtzebueger Garage Bilia Emont huet matgemaach mat engem sougenannten Chillman.
Mir hunn och den neie Clubman mat 306 PS um Circuit vun Zolder fuere kënnen, wat e besonneschen Highlight war. E ganz flotten Auto, dee ganz vill Spaass mécht mat sengen 306 PS.
Text a Fotoen: Romain Scheffen
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.