Nei Saison: De Kevin Peters huet säin Auto presentéiert (15.2.20)
No iwwer 3 Méint Aarbecht huet de Kevin Peters e Samschdeg den Owend zu Miersch am Auto Sport Shop säin Auto presentéiert. Mat engem Patt an engem gudde Maufel huet hie senge Sponsoren Merci gesot a stoung jidderengem Ried an Äntwert iwwert den neien Auto.
De 16. a 17. Mee geet d'Saison fir de Kevin lass zu Seelow an Däitschland. Dat ass déi éischt vun 9 Coursen. Duerno geet et am Juli weider a Lettland, duerno Litauen. D'Konkurrenz ass natierlech grouss, déi Däitsche René Mandel, Steven Laubach an den Hollänner Timo Pähler sinn net ze ënnerschätzen. De Kevin seet awer, dass no senger Verletzung an der leschter Saison, hie sech géing iwwer eng Plaz um Podium um Enn vun der neier Saison freeën.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.