1. Mee-Feier vun der Amicale vun den Ettelbrécker Pompjeeën (1.5.22)
Net nëmmen d'Hëllefsaktioune sti bei der Amicale vun den Ettelbrécker Pompjeeën ganz vir op der Lëscht, mee Traditioun ass och Traditioun. E Sonndeg um 1. Mee gëtt da mol séier aus enger Traditioun e Familljefest. Moies goung et un mat dem traditionelle Meekranz, uschléissend Kaffi um Weier an du si schonn d' Famille vun de Memberen agetraff an d'Aangele goufen ausgepaakt. Déi manner Jonk hunn deene Jonke gewisen, wéi e Meekranz gebonne gëtt. Nom Meekranz konnt ee fësche bis Mëttes, an d'Ekipp huet fir de gudde Maufel gesuergt. Nom Iessen gouf de Weier och nach emol mat Frelle gefëllt an déi Jonk waren déi éischt bei der Aangel an bei guddem Wieder war fir Spaass an Spannung masseg gesuergt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.