10 Joer BTS Media Writing am Lycée classique de Diekirch (26.6.25)
En Donneschdeg huet d'Formation supérieure vum LCD hiren 10. Gebuertsdag gefeiert. De BTS Media Writing leeft iwwer zwee Joer a preparéiert d'Studenten an d'Studentinnen op Beruffer an der Welt vum Journalismus, der Kommunikatioun an de Medie vir. Zu de Gäscht hunn nieft e sëllege Pressevertrieder och d'Ministesch fir Recherche an Héichschoul Stéphanie Obertin an den LCD-Direkter Marcel Kramer gehéiert grad ewéi de Coordinateur vum BTS Claude Schaus.
Um Programm vun der Feier stoungen eng Visitt vun de Schoulsäll mat dem Podcast-Raum an dem Film-Studio an och eng Foto-Retrospektiv. Bis elo hunn 51 Leit hiren Diplom zu Dikrech am Media Writing gemaach. Zu de Partner vum BTS gehéieren eng Rëtsch bekannten Nimm aus der Lëtzebuerger Mediebranche, dorënner och RTL.
Weider Informatiounen: https://www.bts.lu/media-writing/
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.