Um 4. Dag ass et fir ee Souscamp lass gaangen op de groussen Hike. Moies fréi ass et am Schloree lassgaangen, mee d'dänescht Wieder huet et gutt mat eis gemengt a Sonn ass séier raus komm. Parallel hu Bonne Aktiounen op der Campplaz an an der Noperschaft stattfonnt an et goufe weider Atelieren ugebueden.