"Et war internationalen Dag haut um Camp. All Trupp krut ee leckere Plat ze kachen. Rezepter koumen aus aller Welt. Kuerz no 12 huet et du geheescht: bona, bona-petit an souwuel CaraPio wi Staff a Chef konnten sech derduerchschmachen. Nom Mëttegiesse goufe verschidden Atelier ugebueden. Deelweis och vun eisen däneschen Noperen. Ofgeschloss gouf den Dag mat enger gemittlecher Veillée."