D'Konscht um Kierper: Luxembourg Tattoo Convention 2025 (18.10.2025)
Vum 17. bis den 19. Oktober 2025 verwandelt sech d'Luxexpo -The Box um Kierchbierg an een Hotspot vun der Tattoo-Welt. "Luxembourg Tattoo Convention 2025" invitéiert d'Frënn vun der Kierperkonscht op en dräi Deeg laangt Erliefnis.
Iwwer 350 international Tattoo-Kënschtler ginn erwaart, fir hiert Talent ze weisen an eenzegaarteg Wierker direkt op der Plaz ze stiechen. D'Visiteuren hunn d'Geleeënheet, sech inspiréieren ze loossen, nei Stiler z'entdecken oder sech direkt vun engem vun de Kënschtler tätowéieren ze loossen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.