D'Feierkiche vun der Amicale Pompjeeën Ettelbréck huelen d'Erausfuerderung an der Kompetitioun Food Truck & Street Food Contest un a gi mat hirem traditionellen Iertsebulli an d'Rennen. 15 Food-Trucken aus der ganzer Welt huelen deel. Mam traditionellen Ierzebulli an enger neier kaler Versioun stelle si sech der internationaler Konkurrenz. Emol een aneren Challenge steet virun der Dier: dofir hate si och schonn e puer Proufiessen an eent dovun hu mir mam Fotoapparat begleet. D'Opreegung steigt natierlech, wat den Dag méi no kënnt, well et ass eppes komplett anescht wéi dat, wat si soss maachen. Si kache fir sief et grouss Eventer, Landjugenddag etc mä och bei Katastrophe sti si an der éischter Rei mat der Kichen a suergen dofir, dass d'Leit eppes waarmes an de Bauch kréien. Eng vun de leschte grousse Katastrophe waren 2021 d'Iwwerschwemmungen am Ahrtal, wou si wärend dräi Deeg fir e puer Dausend Leit moies Kaffi a mëttes an owes waarm gekacht hunn.
Mä si si gutt preparéiert, d'Harmonie an der Kiche passt a mat e puer Feinschlëffer kann den 22. November kommen.