"Flow Music Festival" am Park Belval (19.7.24)
Um Freiden Owend war den Optakt vun der véierter Editioun vum Flow Music Festival am Park um Belval zu Bieles. De Site gouf am Verglach zu de Jore virdru komplett nei konzipéiert a bitt vill Plaz fir an enger eemoleger Kuliss ze chillen a live Musek hautno ze erliewen.
Bei Sonn a bloem Himmel hunn DJe wéi WazToo, Dama, Tasso&Mitch an de Mathieu Moës de Startschoss um Freide ginn.
Um Samschden a Sonnde si Concerte vun De Läb, Mutiny on the Bounty, Balthasar-Rosenfeld-Moreira, CHAiLD a villen aneren ugesot. Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer hu gratis Entrée.
Donieft ass och all Dag vu 16.00 Auer un "Flowmaart", en Designer Market mat Workshops ronderëm de Pavillon vun der Source Bel-Val.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.