Gala Dinner Télévie Noumer (29.3.24)
De Freiden 29.Mäerz haten den Organisatiounscomité Télévie Noumer 2024, d'Gemeng Noumer an d’Mëllerdaller Produzenten e Gala Dinner am Centre Culturel zu Kruuchten fir den Télévie organiséiert.
Produkter fir d’Iessen an och fir Gedrénks si vun den Mëllerdaller Produzenten geliwwert ginn. De Ben Weber, Kach aus der Mëllerdaller Regioun, huet doraus e gudde Menü gemaach. Buergemeeschteren aus der Regioun Mëllerdall ware fir de Service engagéiert ginn (natierlech bénévole). Fir Animatioun a gutt Ambiance huet de Fern Neumann gesuergt. Den Erléis ass natierlech fir den Télévie Zenter Noumer 2024.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.