Kënnbakstee zu Boukels (16.2.20)
Haut war déi 28 traditionelle Kënnbakstee zu Boukels. Wéi all Joer war och dëst Joer nees e groussen Erfolleg, d'Wieder hat jo matgespillt a mir sinn dréchen duerch d' Stee komm. Vill Leit haten sech fir d'Stee afonnt a kee Kënnbak oder Speck ass iwwreg bliwwen. Duerno goung et op d' Iessen a mat 240 Menü'er war d'Scheier gutt gefëllt. Et hat en d'Gefill, dat ganzt Duerf wier op de Been, déi Jonk hunn de Service gemaach an déi méi Erfueren hu gekacht. Jidderee war gutt beschäftegt an huet gehollef. Als Menü gouf et eng gutt Zopp, duerno gekachten Ham mat Saubounen, Zalot a Speckgromperen an als Dessert Kaffi mat Taart. Fir déi déi wollten, gouf et och nach eng Drëpp. Mat flotter Musek ass den Dag ausgeklongen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.