Kiermes op der Girsterklaus (17.08.2025)
Nodeems e Samschdeg den Owend eng speziell Mass fir d'Muppe gehal gouf, wor et e Sonndeg um 10 Auer d'Houmass, déi am Mëttelpunkt stoung. De Paschtouer Luc Schreiner huet d'Mass, déi musikalesch duerch Chorale réunie Rouspert- Uesweiler verschéinert gouf, zelebréiert. Uschléissend goung d’Prozessioun iwwer Feld a Flouer. Duerno wor e Wëllkomm op der Hieselterkiermes.
D'Klaus ass déi eelste Wallfaartskierch zu Lëtzebuerg. Zil ass ëmmer d'Muttergottes vun der Hieselterheck.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.