D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn de 7. & den 8. op d’Editioun 2026 vum Thinking Day angelueden.Dësen Dag éiert d’Grënner vum Scoutismus, de Lord Robert Baden-Powell an seng Fra Olave, a feiert weltwäit d’Wäerter vu Solidaritéit, Frëndschaft a Bridderlechkeet. Bei dëser Editioun, déi ënnert dem Thema 24 Stonnen a Beweegung fir de gudden Zweck steet, hun sech ronn 1.500 Kanner a Jonker am Alter tëscht 6 an 23 Joer engagéiert, fir Suen ze sammelen. De Thinking Day 2026 bitt hinnen d’Geleeënheet, u méi wéi 30 Atelieren deelzehuelen. Vu Bouschéissen iwwer Breakdance, Schwammen, Tauchen, Yoga, Lafen a Badminton bis Kloteren. Eng sportlech Aventure, duerch déi d’Odyssee vun den LGS ënnerstëtzt ginn: solidaresch Camp-Chantieren a Brasilien, Georgien, Senegal an op de Philippinnen.