MTB Family Tour vum DT Noumer and Friends (14.4.2024)
Och um sportleche Plang ware Veräiner aus der Gemeng Noumer fir den Télévie aktiv. Esou haten den DT Noumer and Friends de Sonnde 14. Abrell en MTB Family Tour duerch Bëscher vun den Nommerlayen organiséiert. Start an Zil war den Europacamping Nommerlayen zu Noumer. Fir de Ravitaillement an och fir d’Iessen duerno um Camping war gesuergt. Den Europacamping hat och Duschen zur Verfügung gestallt. Och hei geet en Deel vum Erléis un den Télévie Zenter Gemeng Noumer 2024.
Fotoen: Alphonse Classen
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.