Vill Awunner hunn d'Geleeënheet genotzt, fir am Nomëtteg en Abléck hannert d'Kulisse vum Atelier ze kréien. Nieft der flotter Atmosphär hu sech déi lokal Veräiner mat engem ofwiesslungsräiche Programm virgestallt a fir déi nei Matbierger war et ideal, d'Géigend an d'Gemengeliewe besser kennenzeléieren.