De Sall Europe am Parc Hotel Alvisse huet dëse Weekend nees an engem ganz besonnesche Glanz gestraalt. D’Mireille Roulling an hir Ekipp vun der École de Danse haten op hiren traditionelle Premier Bal invitéiert.
Dëse sportlechen Owend bitt de Schüler an de Frënn vun der Danzschoul déi ideal Geleeënheet, hir geléiert Schrëtt an engem formelle Kader an d’Praxis ëmzesetzen. Als de wichtegsten Rendez-vous am Joer markéiert de Premier Bal dacks den Héichpunkt vun der Saison fir d’Schüler vun der Danzschoul.