Drëtt Editioun vun der Seefekëschtecourse an der Gemeng Jonglënster e Samschdeg, den 11. Juli zu Gonnereng. Déi Kéier goung et d'Rue du Kiem erof. 6 Piloten an eng Pilotin hu sech bei schuckelegen Temperaturen hannert d'Steier getraut a goufen dofir dann och vu Starwars-Figuren ugefeiert. D'Präisiwwerreechung war virum Café de la Gare, organiséiert gouf dat Ganzt vun der Lënster Sport- & Jugendkommissioun, dat zesumme mat der Honnerter ASBL, der Maison Relais Päiperlek an dem Jugendhaus Jonglënster. Animatioun: Tropperplay ASBL.