Fir déi traditionell Neijoerschreceptioun am Palais hunn de Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie de President an d’Deputéiert aus der Chamber, de Premier an d’Membere vun der Regierung, d’Membere vum Staatsrot, héichrangeg Vertrieder vun der Justiz souwéi Membere vum akkreditéierten diplomatesche Corps a Vertrieder vun den europäeschen Institutiounen empfaangen.
Dëse Rendez-vous gëtt der groussherzoglecher Koppel an héije Vertrieder vum Land d’Méiglechkeet sech auszetauschen. Mat de Partner vun den Invitéë waren iwwer 300 Leit bei der Receptioun.