De leschte Weekend stoung ganz am Zeeche vun Nohaltegkeet, Upcycling, Kreeslafwirtschaft a kreativen Iddien.
Um Vide-Dressing & Creator’s Market am Syrkus zesumme mat Lët’z Refashion vun der HUT asbl konnt ee Kleeder tauschen, d’Aarbechte vu ville verschiddene Créateuren entdecken an um Secondhand-Maart séng Garderob nees opfëllen.