Um Virowend vun Nationalfeierdag huet d’Gemeng Betzder hir Awunner fir d’Feierlechkeete vum Nationalfeierdag agelueden. Gläichzäiteg goufen och 25 Joer Gemengenhaus zu Bierg gefeiert. Nom Cortège huet de Paschtouer Guy Diederich den Te Deum celebréiert an d’Chorale Ste Cécile vu Menster a vu Rued-Sir, esou wéi d’Menster an d’Ouljer Musek hunn e flotte Concert gespillt. D’Partyband „The Spaceminers“ huet fir gutt Stëmmung gesuergt.