Wiichtelfest zu Ettelbréck (16.5.21)
Trotz deene ville Reeschaueren hu sech vill Leit et net huele gelooss, op Ettelbréck ze fueren. D'Terrasse ware gutt besat, an d'Kanner hate mat deene flotten Aktivitéite vill Spaass. Vum Wiichteltheater iwwer divers Spiller, wou d'Kanner konnte Stempele sammelen, war fir Animatioun gesuergt. Mee d'Musek mat de Gänsen an de groussen Draach ware schonn en Highlight an d'Leit hunn et genoss, emol rëm eppes anescht ze gesinn, ze ënnerhuelen an ze erliewen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.