Anna Lapwood & Yuja Wang @ Philharmonie (17.9.24)
Mat dem Yuja Wan an dem Anna Lapwood huet d'Philharmonie direkt gläich 2 Superstaren aus der klassescher Musek presentéiert.
Anna Lapwood gëtt dacks als Taylor Swift an der klassescher Musek bezeechent. D'Brittin ass an der Welt vun der klassescher Musek ee vun de bekanntste Gesiichter hannert der Uergel.
D'Grammy Gewënnerin Yuja Wan zielt zu de beschte Pianiste weltwäit.
Begleet goufen si en Dënschdeg den Owend vum "London Symphony Orchestra" ënner de Leedung vum Sir Antonio Pappano.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.