Bayota - Bartreng Young Talents (22.4.22)
Den 22.Abrëll fält de Startschoss fir déi 3. Oplag vum Festival Bayota - Bartreng Young Talents. D'Jugend an d'Arca-Kommissiounen, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Bartreng, sichen jonk Talenter a verschidde Sparten aus dem Kulturberäich. Sief et als Gropp oder Solist, um Piano oder awer an deene sëllege Workshoppe wéi Danzen, Graffiti, Skateboard oder Zirkus. Bei dësem Festival huet jiddereen d'Méiglechkeet, säin Talent ënner Beweis ze stellen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.