DJ Bobo zu Tréier (23.5.19)
An de 90er Joren hate seng Lidder an de Charts eng fest Plaz an och 30 Joer duerno sinn seng Klassiker nach ëmmer bësse Kult an der sougenannter Eurodanceszene.
De Schwäizer Sänger, Dänzer, Komponist a Produzent huet um Donneschden seng Fans an der Arena zu Tréier mat op seng perséinlech Zäitrees vu bal 2 Stonne geholl an huet bekannte Kompositiounen, wéi "Freedom" oder séin éischte richtegen Hit: "Somebody Dance with me" virgedroen. A wéi et vun engem DJ Bobo a senge Glanzzäiten och gewinnt war, däerf och op senger aktueller Tour "Kaleidoluna" eng impressionnant Show mat ville Luuchten a Effekter net feelen.
Fotoe vum Steve Müller
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.