Expo "2 a 4 Beenercher" an der Maison de la Culture, Galerie d'Art Municipale Diekirch (6.3.24)
Gläich 4 Kënschtler stellen zur Zäit hir Wierker mam Thema "2 a 4 Beenercher" an der Maison de la Culture zu Dikrech aus. Ënnert den Exposanten zielen: Astrid Breuer, Janine Mailliet, Christophe Poissonnier an Armand Weber. D‘Astrid Breuer, dat hei säi Kënne mat fantasievollen a faarwegen Déiere-Skulpturen an der Keramik, zum Ausdrock bréngt souwéi dem Janine Mailiet seng Iddi, déi aus enger witzeg verspillter Geschicht besteet, déi hatt duerch seng Biller weist. De Christophe Poissonnier weist seng Biller an Zeechnungen op eng ganz flott Aart a Weis mam Zitat "quand on observe les animaux, on s’aperçoit qu’ils nous ressemblent beaucoup ou le contraire". Dem Armand Weber sain Hobby ass d’Realisatioun vu schéine Skulpturen aus echtem Éisleker Eechenholz. Déi ganz sehenswäert Ausstellung an der Maison de la Culture, op Nummer 13, rue du Curé zu Dikrech an Zesummenaarbecht mam Schäffen- a Gemengerot an der Kulturkommissioun vun der Stad Dikrech mat fräiem Entrée ass vum 9. Mäerz bis zum 31. Mäerz an dat all Dag ausser Méindes, vun 10 bis 18 Auer op. D’Vernissagefeier ass e Freiden, 8. Mäerz um 18.30 Auer.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.