Hooverphonic @ Iechternach
Ënnert dem Numm "Echternach Summer Concerts" ginn iwwert de Summer eng Rëtsch Concerten am eenzegaartege Kader vun der Abtei gebueden - e Mix aus internationalen an nationalen Acts.
Den Atelier huet um Samschden den Owend an der Abteistad de Concert vun der bekannter belscher Formatioun präsentéiert.
Hooverphonic ass erëm a neier aler Formatioun ënnerwee. Mat dem Comeback vum Geike Arnaert, der laangjäreger Frontfra, déi tëscht 1997 a 2008 mat um éischte grousse Succès bedeelegt war, hunn d'Museker ënnerenaner eist Nopeschland beim ESC 2021 vertrueden.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.