Kino beim Suessemer Schlass - Zweeten Dag (7.9.24)
D'Gemeng Suessem presentéiert dës Woch déi 4. Editioun vum Kino beim Schlass. Wann d'Sonn ënnergeet an et lues ufänkt däischter ze ginn, verwandelt sech de Park beim Suessemer Schlass bis e Sonndeg all Owend an eng magesch Filmwelt. E Freideg den Owend gouf et mam Film "IF: Imaginäre Freunde" (VA) fir den zweeten Dag en Highlight fir déi ganz Famill. Virun der Seance gouf et en Optrëtt vum Duo Un Pie, enger Zirkus-Show mam Clown Spinat an der Madamm Winter.
E Samschdeg den Owend geet et weider mat enger Mëschung aus Action a Komedie mat "Bad Boys 4: Ride or Die" (VO - Subs VA/VF). De leschte Film ass näischt fir schwaach Nerven, den Horror-Blockbuster "A Quiet Place: Day One" (VO - Subs VA/VF) gëtt e Sonndeg gewisen.
D'Filmer fänken all Dag ëm 20.30 Auer un, den Entrée ass gratis, an et gëtt z'iessen an ze drénken op der Plaz, inklusiv Popcorn.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.