"Let US enterain you" @ CAPE (7.12.19)
Galaconcert vun "Let US enterain you - Ettelbrecker Musek"
dir. "Rainer Serwe"
D'"Nobby Dixie Band" an d'Sängerin "Veronique Manternach" stoungen um Programm e Samschden am Centre culturel CAPE zu Ettelbréck.
US steet fir Stécker vun US-Amerikaner wéi "Leonard Bernstein", "Mark Camphouse", "Johan de Meij", "John Williams" arr. Jay Bocook, "John Philip Sousa", "Gilbert Tinner" gespillt vun der "Nobby Dixie Band" a verschidden amerikanesch Chrëschtlidder gesonge vum "Veronique Manternach".
Et gouf ganz vill Applaus an 1 Zugab.
De ganzen Programm kann een nach sonndes um 17h am CAPE gesinn an lauschteren.
D'Nobby Dixie Band huet nom Haaptconcert nach e bësschen am Foyer gespillt.
Jang Gaspar
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.