Lëtzebuerger Band "INFINITI" feiert de Comeback !
De 15. November 2025 huet INFINITI hiert 25-järegt Bestoe mat engem Concert am Festsall zu Garnech zelebréiert.
D'Lëtzebuerger Hard-Rock-Band huet zënter hirer Grënnung ëm d'Joer 2000 déi lokal Musekszeen mat hirem kloren Hard-Rock-Stil mat gepräägt.
Nodeems d'Band 2011 eng Paus ageluecht hat, gouf 2024 de Comeback ugekënnegt. Dës Reunioun gouf elo mat engem groussen Event gefeiert. De Kär vun der Band ass nees vereent, an esou sinn de Frontman Steve Weyland, de Paul Pintsch, den Ally Chrisnach, de Phil Kessel a wéi och de Christian Gierens erëm zesumme musekalesch ënnerwee.
D'Band, déi bekannt ass fir hir Optrëtter op Fester wéi de "Rock am See" oder um Stater "Rock um Knuedler" wéi och beim Télévie, huet um Samschdenowend den éischten Héichpunkt vun hirer Reunioun gefeiert. De Concert markéiert den definitive Startschoss fir dat neit Kapitel vun dëser Lëtzebuerger Hard-Rock-Formatioun.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.