Mallows @ Frotheim Open Air (24.05.2025)
Wien op rockege Pop-Punk wéi an den 90er an 2000er steet, sollt definitiv Mallows a senger Playlist hu. D’Shirley, de Pol, de Mikey an de Jeff hunn zu Frotheim um Open Air wärend 50 Minutten dem Public gewisen, dass Lëtzebuerg och Musek opweises huet. En Highlight vun der aktueller Mini-Tour: nei Songs, déi nach net Mol am Studio opgeholl goufen! Wien also elo Loscht op dës kleng Avant-Première huet ka sech follgend Datumer am Kalenner markéieren, a sech Mallows live an a Faarf gi. Den 31.05 spillen se um Rock den Acker – Nidderau (DE), a wie méi no a lokal wëll bleiwen: Den 08.08. si se um E-Lake zu Iechternach!
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.