Melissa Etheridge am Atelier (25.2.19)
Mat 13 Joer stoung d'Melissa Etheridge déi éischte Kéier op der Bühn, 13 Joer méi spéit konnt si hiren 1. Plackekontrakt ënnerschreiwen. 1988 ass dunn den éischten Album mat hirem Numm op de Marché komm.
Am Joer 2006 krut d'Sängerin aus dem Kansas den Oscar fir den Titel-Song vum Al Gore sengem Film "An Inconvenient Truth". Och 2 Grammys konnt si scho gewannen.
Um Méindenowend konnten d'Frënn vun hirer Musek si dunn am Atelier bewonneren an nolauschteren.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.