Um Donneschden den Owend war de legendäre Paname Comedy Club vu Paräis mat senger Live-Tour zu Gaascht am Casino 2000 zu Munneref.
Ee Choix vun de beschte Stand-up-Talenter huet de Publikum iwwer eng Stonn laang mat vill Energie an Humor begeeschtert. Vu schaarfen Texter bis hin zu spontaner Improvisatioun war alles dobäi. D’Stëmmung am Sall war fantastesch, an d’Kënschtler hu gewisen, firwat dëse Club zu de Beschte vun der franséischer Comedy zielt.