Roland Kaiser zu Tréier (15.3.19)
D'Arena zu Tréier war mat 4.000 Leit um Freidegowend komplett ausverkaaft. Vill Leit hunn also de Wee an d'Stad vun der Porta Nigra fonnt, fir den däitsche Superstar am Beräich Schlager ze gesinn. De 66 Joer ale Berliner, dee schonn iwwer 40 Joer am Museksgeschäft ënnerwee ass, huet mat senger Liveband natierlech och seng Klassiker "Santa Maria" oder "Dich zu Lieben" virun engem jonken an ale Publikum presentéiert.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.