Schlagerfest XXL zu Tréier (28.2.20)
Dat grousst Schlagerfest XXL ass schonn zënter 25 Joer ënnerwee, war et am Ufank nach déi däitsch Moderatorin Carmen Nebel, déi duerch de Programm gefouert huet, sou ass et zënter 2004, de Florian Silbereisen, deen elo fir ausverkaaften Halen haaptverantwortlech ass.
Bekannten Nimm aus der däitscher Schlagermusek sinn hei Programm. Esou och um Freideg den Owend zu Tréier wou de Kinnek vu Mallorca, de Jürgen Drews, d'Marianne Rosenberg mat hirem "Er gehört zu mir", den Thomas Anders mat Modern-Talking-Lidder, den Oli P. mat sengem Grönemeyer-Cover "Flugzeuge im Bauch", den Dschungel Kinnek Antony Ross, de Matthias Reim, dee mat sengem Evergreen "Verdammt,ich lieb dich" fir Nostalgie gesuergt huet. D'Newcomerin Sonia Liebing an och d'Frëndin vum Matthias Reim, d'Sängerin Christin Stark, hunn net däerfe feelen.
Mat gefeiert hunn och den Giovanni Zarella an d'Draufgänger, déi mat hirem Ouerwuerm "Cordula Grün" fir eng flott an häerzlech Stëmmung an der Arena gesuergt hunn. An natierlech huet och den neie Kapitän vum Dramschëff säi Programm musikalesch mat ënnerstëtzt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.