Stomp @ Rockhal (12.5.19)
Den Atelier huet d'Perkussiounsgrupp a Kult-Ekipp aus Groussbritannien fir eng éischte Kéier an d'Rockhal bruecht.
Als theatralesch, sensationell an als e globaalt Phänomen ginn d'Museker aus Groussbritannien bezeechent an deen een oder anere misst d'Ekipp schonn emol enzwousch gesinn hunn.
Et dréit sech hei ëm e Mix aus Perkussioun, Danz, Theater a Komedie. Wann ee sech awer hei eng buedemstänneg Show erwaart, deen huet wäit gefeelt, well bei Stomp ginn éischter ongewéinlech "Instrumenter" benotzt. Dat geet vun Zippo Briqueten, iwwer Dreckskëschten hin zu Lavaboen oder Himmer.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.